This training is offered in the form of face-to-face training.
Catalog

Wéi kann ech meng Online Präsentatiounen a Webinaire méi effizient gestalten?

Marketing & Communication

Description

Objektiver

No dëser Formatioun, wäert de Participant kapabel sinn:

  • E Webinaire oder eng attraktiv Thematik fir eng Präsentatioun erauszesichen

  • Visuell angeneem Diapositiven ze kreéieren

  • En héichwäertegen an pertinenten Inhalt ze entwéckelen

  • D’Opmierksamkeet vun sengem Auditoire vum Ufank bis zum Enn ze behalen

  • D’Participatioun ze fërderen

  • De Publikum online fir all Thematik ze iwwerzeegen

  • E Call-to-Action anzeriichten

Programm
  • Senger Präsentatioun all d’Chancen ginn fir dat se e Succès gëtt

    • D’Informatioun sequenzéieren

    • Sënn ginn an Emotiounen ervirruffen

    • Fir Interaktioun suergen

    • Säi perséinlechen Touch erabréngen

  • Seng Onlinepräsentatioun oder säi Webinaire wéi eng Geschicht opbauen

    • De Pitch : d’Wirbelsail

    • De Storytelling : de Skelett

    • D’Schlëssele vum Inhalt : d’Personnagen

  • D’Schrëftreegele respektéieren

  • D’Technike vun der Kompositioun vun Diapositiven ze applizéieren

  • Eis Recommandatioune fir eng gelonge mëndlech Präsentatioun

    • D’Presenz soignéieren

    • Mam Publikum Kontakt halen

  • Vun der Theorie an d’Praxis

    • Fallstudie

Zilpublikum

All Persoun déi virun engem Publikum eng Präsentatioun mécht


Conditions

Formatiounsmaterial

Mir weisen Iech dorop hin, datt aus Ëmwelt-Grënn keng Pabeierversioun vum Formatiounsmaterial fir Är Formatioun zur Verfügung gestallt gëtt. D'Formatiounsmaterial ka gratis iwwert Äre Portal virum Start vun der Formatioun erofgeluede ginn (luet hei de Client Portal User's Guide erof). Dir kënnt et um Ecran vun Ärem mobillen Apparat kucken oder wann néideg ausdrécken. Wann Är Aschréiweun vun engem Formatiounsmanager vun Ärer Firma gemaach gouf, da kontaktéiert hien/si, fir datt hien/si Iech Zougang dozou ka ginn oder se Iech ka schécken.

Location
Chambre de Commerce Luxembourg
7, rue Alcide de Gasperi
L-1615 Luxembourg
Luxembourg
Calculate the itinerary

Sessions and schedules

Download the schedule (PDF)

  • ven. 14.06.2024

    08:30 to 16:30

    7H

    Wéi kann ech meng Online Präsentatioune a Webinaire méi effizient gestalten?

    Chambre de Commerce Luxembourg