iconParcours certifiant

Reglementéierten Zougang zu de Beruffer am HoReCa-Secteur

En collaboration avec
  • Icon Sur demande
  • icon Cours du jour
  • icon Parcours certifiant
  • Icon Lëtzebuergesch
  • Icon HO003PC

Formatiounsziler


Dës spezifesch Formatioun vermëttelt de Participanten, déi den Exame gepackt hunn, d’berufflech Qualifikatioun, déi erfuerderlech ass, fir eng “Autorisation d’établissement pour l'exploitation d'un débit de boissons alcoolisées et non alcoolisées, d'un établissement de restauration ou d'un établissement d'hébergement” ze kréien (Branchë vum HORECA-Secteur).

Programm


  • Allgemeng Hygiène- a Sécherheetsreegelen fir Liewensmëttel a Modalitéiten, fir ze iwwerpréiwen, datt dës Reegelen agehale ginn

  • Respekt vun de Mënscherechter a vum Jugendschutz

  • Beruffsspezifesch Kenntnisser

Zilgrupp


Persounen, déi drun interesséiert sinn, eng Autorisation d‘établissement ze kréien, fir en Débit de boisson mat alkoholeschem an net-alkoholeschem Gedrénks, e Restauratiouns- oder en Hebergementsbetrib ze bedreiwen.

Dauer


Samschdes vun 08.30 bis 17.00 Auer

Sproochen


1. Semester op Däitsch
2. Semester op Lëtzebuergesch

Formatiounsmaterial


D'Ënnerlage kënne fënnef Deeg virun der Formatioun iwwer de "Portail Apprenant" gratis erofgeluede ginn (Hei kënnt Dir de Guide vum Portail op Däitsch eroflueden). Dir kritt d'Ënnerlagen och a gedréckter Form um Ufank vun der Formatioun zur Verfügung gestallt.

Certificat


Nom erfollegräichen Ofschloss vun dëser Formatioun stellen de Ministère de l'Economie an d'Chambre de Commerce en Ofschlosscertificat aus.

Vous souhaitez rester à jour sur notre offre de formation ?

Vous avez une question ?
Nous avons des réponses !