Wéi kann ech meng Online Präsentatioune a Webinaire méi effizient gestalten?
Marketing & CommunicationDescription
Objektiver
No dëser Formatioun, wäert de Participant kapabel sinn:
E Webinaire oder eng attraktiv Thematik fir eng Präsentatioun erauszesichen
Visuell angeneem Diapositiven ze kreéieren
En héichwäertegen an pertinenten Inhalt ze entwéckelen
D’Opmierksamkeet vun sengem Auditoire vum Ufank bis zum Enn ze behalen
D’Participatioun ze fërderen
De Publikum online fir all Thematik ze iwwerzeegen
E Call-to-Action anzeriichten
Programm
Senger Präsentatioun all d’Chancen ginn fir dat se e Succès gëtt
D’Informatioun sequenzéieren
Sënn ginn an Emotiounen ervirruffen
Fir Interaktioun suergen
Säi perséinlechen Touch erabréngen
Seng Onlinepräsentatioun oder säi Webinaire wéi eng Geschicht opbauen
De Pitch : d’Wirbelsail
De Storytelling : de Skelett
D’Schlëssele vum Inhalt : d’Personnagen
D’Schrëftreegele respektéieren
D’Technike vun der Kompositioun vun Diapositiven ze applizéieren
Eis Recommandatioune fir eng gelonge mëndlech Präsentatioun
D’Presenz soignéieren
Mam Publikum Kontakt halen
Vun der Theorie an d’Praxis
Fallstudie
Zilpublikum
All Persoun déi virun engem Publikum eng Präsentatioun mécht
Conditions
Formatiounsmaterial
Mir weisen Iech dorop hin, datt aus Ëmwelt-Grënn keng Pabeierversioun vum Formatiounsmaterial fir Är Formatioun zur Verfügung gestallt gëtt. D'Formatiounsmaterial ka gratis iwwert Äre Portal virum Start vun der Formatioun erofgeluede ginn (luet hei de Client Portal User's Guide erof). Dir kënnt et um Ecran vun Ärem mobillen Apparat kucken oder wann néideg ausdrécken. Wann Är Aschréiweun vun engem Formatiounsmanager vun Ärer Firma gemaach gouf, da kontaktéiert hien/si, fir datt hien/si Iech Zougang dozou ka ginn oder se Iech ka schécken.
Location
L-1615 Luxembourg
Luxembourg