Cette formation est proposée sous forme de formation présentielle. En savoir plus
Formatiounsziler
Nom Ofschloss vun dëser Formatioun verfüügt de Participant iwwert déi folgend Kompetenzen:
-
Kenntnis an Uwendung vun de Gesetzer a Virschrëften, déi fir d’Geschäftstätegkeet vum Betrib relevant sinn
Risiken am Zesummenhang mat der Sécherheet an der Gesondheet vun de Mataarbechter, speziell am HoReCa-Secteur, anticipéieren a richteg bewäerte kënnen
Programm
Basiskenntnisser (4 Stonnen)
- Aufgaben a Funktioun vum Sécherheetsbeoptraagten
- Legislatioun am Beräich Sécherheet a Gesondheet op der Aarbechtsplaz
- Gesondheet op der Aarbechtsplaz
- Aarbechts- an Trajetsaccidenter, schwéier Tëschefäll a Beruffskrankheeten
Spezifesch Kenntnisser (8 Stonnen)
- Maschinnen an Schaffgeräter
- Methode fir d’Risiken ze analyséieren an ze bewäerten
- Risikofacteuren a Preventiounsmoossname
- Operationell Gestioun vun der Sécherheet an der Gesondheet (technesche Modüll)
- Allgemeng Preventiouns-Gondsätz
Zilgrupp
Sécherheetsbeoptraagter vu Betriber mat 1 bis 15 Mataarbechter
Virkenntnisser
Op d’mannst ee Joer Beruffserfarung an engem Beräich, dee mam Tätegkeetsberäich vum jeeweilege Betrib vergläichbar ass.
Examen
Fir dës Formatioun ass keen Exame virgesinn.
Formatiounsmaterial
D'Ënnerlage kënne fënnef Deeg virun der Formatioun iwwer de "Portail Apprenant" gratis erofgeluede ginn (Hei kënnt Dir de Guide vum Portail op Däitsch eroflueden). Dir kritt d'Ënnerlagen och a gedréckter Form um Ufank vun der Formatioun zur Verfügung gestallt.
Certificat
Nom Ofschloss vun der Formatioun kréien d’Participantë vum House of Training eng Attestation de participation ausgestallt.
Lieu
-
Chambre de Commerce Luxembourg7, rue Alcide de Gasperi
L-1615 Luxembourg
Luxembourg - Calculer l'itinéraire
mar. 09.02.2021 à 08h30
Basislehrgang
-
Chambre de Commerce Luxembourg
mer. 10.02.2021 à 08h30
Spezifischer Lehrgang - TD A - HoReCa
-
Chambre de Commerce Luxembourg